19.06.2024 | Actualité
Des mots de notre Volontaire au Népal: Mai 2024
Mai 2024: Clôture de mon Service Volontaire
Cinq mois de volontariat au Népal, cela semblait long, mais le temps a filé à une grande vitesse. Je suis heureuse de dire que ce fut une expérience extraordinaire, au cours de laquelle j'ai énormément appris sur le Népal et ses habitants, le travail au sein d'une organisation, et sur moi-même. C'est une expérience que je n'oublierai jamais et que je recommencerais sans hésiter. Bien sûr, il y a eu des moments de frustration et des périodes difficiles, mais ils ont été vite oubliés face à l'hospitalité des Népalais, comme lorsque j'étais invitée à prendre du thé. Le travail avec R4C était varié et toujours intéressant. J'ai beaucoup appris sur le fonctionnement d'une ONG et j'ai pu découvrir les différences et similitudes de travail avec le Luxembourg. Un autre avantage de ce volontariat est qu'on finit par se créer un deuxième chez-soi. Cela m'a permis de mieux comprendre le pays et sa culture, grâce à cette immersion prolongée. Pour finir, je suis très contente d'avoir vécu cette expérience et j'espère pouvoir revisiter le Népal bientôt.
Mee 2024: Ofschloss vum SVC
5 Méint Volontariat am Nepal, dat huet sech no vill unhéieren an huet mir och ëmmer weit fort geschéngt mee d’Zeit ass natierlech verflunn. An ech ka mat Freede soen, dat et eng mega Erfarung war, bei der ech ganz vill iwwert den Nepal, d’Nepaleese selwer, d’Schaffen an enger Organisatioun an och mech geléiert hunn. Et ass een Erliefnis dat ech sécher net vergiesse wäert an ech géif et och direkt nach eng kéier maachen. Natierlech gouf et ënnerwee och Frustratiounen an net esou schéi Momenter mee déi huet ee schnell vergiess wann een nees mat der nepaleesescher Gaaschtfrëndlechkeet a Kontakt komm ass an ewéi esou oft z.B. op een Téi ageluede ginn ass. Mee awer och d’Aarbecht mat R4C war ëmmer ofwiesslungsräich a ganz interessant. Ech hu vill iwwert de Fonctionement vun enger ONG geléiert an och gesi wéi änlech an heiansdo verschidde vill Saachen am Nepal an zu Lëtzebuerg gemaach ginn. E weidere Virdeel vun engem Volontariat op der selwechter Plaz ass dat een sech no enger Zeit een zweet Doheem opbaut. Dat war wierklech schéin an huet och gehollef nach méi iwwert d’Land an d’Kultur ze léiere well een einfach méi laang do war.Alles an allem sinn ech immens frou des Erfarung gemaach ze hunn an hoffen dat ech geschwënn erëm an den Nepal zeréck goe kann.