Avril: dernier mois au Népal pour certaines de nos volontaires !

participants making organic manure

Dëse Mount huet fir eis dräi anescht ugefaange wei déi Méint virdrun. Nieft dem Scouts-Camp hate mir Ufank Abrëll d’Chance, e puer Membere vun der ONGD-FNEL bei der Visite vu verschidde Projeten an der Ëmgéigend vu Pokhara ze begleeden.

Ugefaangen huet et zu Baglung, wou mir de Projet “DIRDC” kucke gaange sinn. Sie erméiglechen hire jonke Beneficiairen ënnert anerem unerkannte Formatiounen als Néiesch oder als Installateur ze maachen.

Den zweeten Dag ware mir bei “Right4Children”,wou mir d'Geleeënheet haten, zwou vun de staatleche Schoule kucken ze goen, déi si ënnerstëtzen. De Gros vun de Projete louch méi am Hannerland vu Pokhara an sou konnte mir nieft de Visiten nach vun der schéiner Landschaft profitéieren.

No den zwou Visiten zu Pokhara, ass et rëm mam Bus iwwert ruckelech Stroossen zréck a Richtung Kathmandu gaangen. Do haten d’Catherine an d’Zoé moies nach d'Méiglechkeet de Projet “HRDC” kucken ze goen, eng Klinik déi op d’Traitement an d’Rehabilitatioun vu Kanner mat engem kierperlechen Handicap spezialiséiert ass.

Fir d'Tamara ass et den Dag virdru schonn zeréck op Pharping gaangen, wou d’Scouten op hatt gewaart hunn. De 5. Abrëll war zu Pharping nämlech e grousst Zesummekomme wou all d’Partnere vun der ONGD-FNEL aus der Géigend vu Kathmandu op Pharping komm sinn, fir do zesumme mat de Scoute Gromperekichelcher mat Äppelkompott ze iessen.

D’Tamara hat wärend dem Scouts-Camps eng ganz flott Zäit a konnt bei allem eng Hand upacken. Et ass net nëmme geschafft ginn, mee hat ass och mat de Scoute verschidden touristesch Plazen zu Pharping besiche gaangen. Zesumme mat der Kachekipp an de Staffmembere vu SCLC gouf emmer ganz lecker nepalesesch gekacht. Et gouf souguer een Newari Owend, mat Newari Iessen an enger Newari Musiksgrupp an Dänzer. D’Aarbecht vun de Scoute konnt ee schon no puer Deeg gesinn. Si waren motivéiert a waren eng grouss Hëllef fir d’SCLC. Si hunn ënnert anerem den zweete Stack am ALRC fäerdeg ugestrach, déi nei Fënsteren an Diere bis op de Site gedroen, ekologesch Sëtzplazen aus Glasfläsche gebaut an e ganz neien Zong ronderëm dem Site gebaut.

D’Catherine an d’Zoé sinn no dem groussen Zesummekommen zu Pharping nees zréck op Kathmandu gefuer. Hei huet d’Catherine seng läscht dräi Woche bei SAATH nach genotzt, fir e Workshop mat de Beneficiairë vum Projet Hakuna Matata ze organiséieren.Wärend dësem Workshop sollten d’Kanner virun allem léieren, wei Informatioune richteg evaluéiert ginn a wei ee mat ënnerschiddleche Meenungen ëmgeet. Nieft dem Workshop huet hat mam Zoé ee Fundraising Event organiséiert, wou zesumme mat Kolleege aus Lëtzebuerg wärend engem Online-Kachcours  Momos gekacht goufen.

D’Zoé huet bei senger Organisatioun weider gehollef ënnerschiddlech Workshops ze halen an ënnerenaner rëm en Engleschcours fir nei motivéiert Jonker ugebueden.

Am groussen a ganze war et e flotten a spannende Mount fir eis all, mat ville Geleeënheete fir Experienzen ze maachen déi mir sou séier net vergiessen!