May 9th- Maykadifference- Family charity event

participants making organic manure

No 2 Joer Covidpaus sin mir ganz ongedeleg fir den 9ten Mee 2022, um Europafeierdaag, den 3ten Maykadifference ze organiséieren. Em 11:00 Auer geet et lass an dauerd bis 18:00 Auer. Dest Joer ass zur gläicher Zäit och den Beaver Fun Day.

Maykadiffernce ass en uerdentlecht Fest, organiséiert vun der ONGD-FNEL fir ganz d’FNELfamill, de Memberen a Frënn vun der ONGD, hieren Donateuren a Partner, de Leit vum Cents- kuerz fir jidferén: Et geet drëm fir  e flotten Daag am Park vun eisem Siège um Fetschenhaff ze verbréngen. D‘ Konzept ass fir zousätzlech vun den Aktivitéiten vun enger traditionneller Scoutskiirmess nach méi ze bidden.

Jo, natiirlech ass d’Haptattractioun eist Nepalduerf. Hei kann sech iwert eis Entwecklungsprojet’en informéiert gin, via Projectiounen de Nepal présentéiert kréien an iwert e perséinnlecht Gespréi ach mat de Memberen vum Conseil d’Administration Andreck vum méi wéi 25 Joer FNEL‘sengagement am Nepal kréien. E „Momo“ fir ze iessen an e „Lassi“ fir den Duuscht‘, do kéinnt én méngen wierklech am Nepal ze sin.

Op e selleche Verkaafsstänn proposéieren Händler an Artisten hier Wuer. Vun handgemaachten Messeren, Schmuck, bis  Hoodies an T-Shirts mat lockeren Sprëch, dem FNELshop, Label gëlle Fraa an villem méi.

Op esou engem Fest därf iessen an drénken net feelen. Mir hun effective Dégustatioun an Verkaf vun de Bordeaux-wäiner „Trocard“, Dreppen vun der Distillerie „clos du Fourschenhaff“, Austeren zervéiert vun de Munnerefer Mais, traditionnellt Gegrill’s, Fritten, Taart. a Pangescher De Must ass awer den Nepalmenu (poulet/légumes curry, riz et papadoms)

Bis geschwenn