Den Nepal – Projete vun der ONGD an Camp am Abrëll 2023

participants making organic manure

Vum 29. Mäerz bis de 7. Abrëll war eng kleng Delegatioun vun 5 Leit aus der ONGD FNEL (Martine Faber-Schmit a Julie Denève) an der FNEL (Nora Heinen-Sendel, Philippe Berscheid a Julie Bové) an den Nepal. Et goung engersäits ëm d’Visitt bei eise Projeten an awer och d’Preparatioun vum Nepal-Camp, Ouschteren 2023 ass konkretiséiert ginn.

Der ONGD FNEL, déi scho säit 1989 am Nepal aktiv ass an eng enk Zesummenaarbecht mat den aktuell 12 Partnerorganisatioune fleegt, ass e reegelméissegen a konstruktiven Austausch mat de Mënschen am Nepal immens wichteg.

Den Austausch iwwert Video-Konferenzen a Rapporten ass natierlech eng super Méiglechkeet, déi mer haut hunn an awer ass näischt mat engem réeele Gespréich an Erliewe vun der Begeeschterung um Terrain ze vergläichen.

Vun dëser Begeeschterung hu mer eis ustieche gelooss. 5 vun den 12 Projete konnte mer besiche goen an hu Leit begéint, déi hir ganz Energie an d’Verbesseren an d’Weiderentwécklung vun der Liewensqualitéit vun de Mënschen am Nepal stiechen.

SCLC, déi jonken Nepalesen eng Ausbildung zu enger nohalteger Agrikultur erméiglecht an och ville Leit vun all Alter eng zweet Bildungschance gëtt. Being Youth, déi mat engem vun hire Projeten enger Schoul, déi vum Äerdbiewen 2015 getraff gouf, eng Spillplaz opriichten an d’Ëmfeld vun der Schoul méi kannerfrëndlech gestalten. Umbrella, déi Jugendlecher ënnert anerem mat Ateliere stäerken an hinnen hir Rechter erklären. PA Nepal, déi sech ëm Kanner vu Prisonéier këmmeren, fir hinnen déi nämlech Chancen ze erméiglech, wéi Kanner aus intakte Famillen. An schlussendlech SAATH, wou mer 3 Deeg konnten erliewen, wéi jonk Fraen duerch Bitzcourse gestäerkt ginn, hiert eegent Akommes ze garantéieren an hinnen esou eng Stëmm ze ginn.

De kréinenden Ofschloss vun eiser Rees war sécherlech de Workshop-Dag, wou di 12 Partnerorganisatioune vun der ONGD FNEL sech bei SCLC getraff hunn an hir Projeten, Ideeën a grouss Visioune virgestallt hunn. Et geet drëms, sech géigesäiteg ze inspiréieren an wieder ze bréngen, well jidderee kann e staarke Partner fir deen anere sinn an zesumme kënne mer alleguerten nach vill méi wäit kommen.

Mee net nëmmen am Nepal gëtt fläisseg weider geschafft, mee och hei zu Lëtzebuerg, brénge mer e Gefill vum Nepal mat op de Mayka Difference (9. Mee um Zens) an an den Trifolion zu Iechternach (6. -20. Mee). An am November wäert SAATH hir staark Aarbecht a verschiddene Workshope virstellen.

Fir all Jonken ab 16 Joer ass de Camp vun der FNEL, Ouschteren 2023 eng super Geleeënheet fir e puer Projet’en ze erliewen an mat engem wonnerbare Land en éischte Kontakt opzebauen.