D'ONGD-FNEL sicht een/ eng Assistent-in fir Sensibiliséierung fir Ëntwécklung

participants making organic manure

L’ONGD FNEL ass zënter 30 Joer aktiv am Domän vun der Educatioun  an der Ënnerstëtzung vun deenen am meescht benodeleegte Kanner. Hir Aktioune  konzentréieren sech op den Nepal, wou si permanent eng Dose Projete geréiert, déi Jonken an Erwuessenen en Zougang zu Bildung  a gudder Formatioun erméiglechen.

 

Am Zesummenhang  mam Opstelle vum Kaderaccord “Sensibiliséierung fir Entwécklung”, deen elo Ufank 2022 uleeft, rekrutéiert d’ONGD-FNEL een/ eng Assistent-in fir Sensibiliséierung fir Ëntwécklung (zäitlech onbegrenzte Kontrakt- CDI).

 

Den Assistent oder Assistentin fir Sensibiliséierung fir Entwécklung (Hallef Tâche 20 Stonnen/Woch) huet als Aufgab, de Responsabele fir Sensibiliséierung  fir Entwécklung z’ënnerstëtzen, beim Implantéieren vum Kaderakkord “Sensibiliséierung” vun der  l’ONGD-FNEL. Déi Persoun schafft enk zesummme mat der Kommissioun “Sensibiliséierung”, mat der Coordinatrice vun der Associatioun a mam Gestiounscomité.

 

Haaptaufgabe vum Assistent oder der Assistentin “Sensibiliséierung”:

  • Ausféierung vum Kaderaccord “Sensibiliséierung 2022-2024” vun der ONGD-FNEL
    • Organisatioun an Animatioun vun Atelieren  an Eventer am Kader vun der Sensibiliséierung
    • Mathëllefen, d’Outilen  (Ënnerlagen) fir d’Sensibiliséierung  zesummenzestellen (Atelieren, Fotosaussstellungen, Theateratelieren, pedagogesch Valis, Sensi-badge, asw)
    • Deelhuelen u Missiounen am Nepal

 

  • Redaktioun vu Publikatiounen a Pressecommuniquéën am Zesummenhang mam Kaderaccord “Sensibiliséierung” vun der ONGD-FNEL, an däitscher, franséischer a lëtzebuergescher Sprooch
  • Gestioun vum Internetsite a Kommunikatioun op de sozialen Netzwierker, déi am Zesummenhang stinn mam Kaderaccord “Sensibiliséierung”
  • Relatioun mat de Medien iwwer Sujeten vum Kaderaccord “Sensibiliséierung”.

 

Déi pedagogesch Objektiver vun de virgeschloenen Aktivitéiten si folgend :

  • De Virwëtz stimuléieren an den Interessi ureegen vun alle Bierger zu Lëtzebuerg, a spezielle vun de Jonken, fir déi verschidden Aspekter vum Liewen am Nepal an den Erausfuerderungen an der Bildung.
  • D’Verständnis fir d’Bildung am Nepal verbesseren, duerch d’Organisatioun vun direktem Austausch ënnert  jonke Leit.
  • Jonk Leit encouragéieren, selwer en Deel vum Changement ze sinn

 

Äre Profil :

  • Interesséiert sinn um Domän vun der Cooperatioun
  • Perfekt Beherrschung vun der  lëtzebuergescher, däitscher, franséischer an englescher Sprooch, am Schreiwe wéi am Mëndlechen.
  • Exzellent Fäegkeeten bei der Redaktioun an der Kommunikatioun op  däitsch, lëtzebuergesch, englesch a franséisch.
  • Beherrschung vun informateschen Applikatiounen (Outlook, Word, Excel, PowerPoint, CMS)
  • Gutt Kenntnisser vun de sozialen Netzwierker (facebook, instagram, youtube, tiktok asw.)
  • Bereetschaft, fir Gruppenaarbecht a Fäegkeet op de Wee ze goen vun enger associativer Dynamik
  • Mobilitéit – Führerschäin an Auto sinn absolutt noutwendeg
  • Flexibilitéit an der Aarbechtszäit – Thematesch Owenter, Sensibiliséierungsweekender…

 

Eng ausféierlech Kandidatur (CV + Motivatiounsbréif) si bis spéitstens de 23. Januar  2022 per email ze schécken un :

Nicolas Magnette

Président  de l’ONGD-FNEL 

Mentioun : « Assistent-in Sensibiliséierung (CDI) »