Cathy volontaire chez SAATH

participants making organic manure

Namaste, ech sinn Cathy an ech wunnen lo säit gutt engem Mount zu Lalitpur, enger Stad direkt niewent Kathmandu.Bis elo gefält et mir richteg gutt hei an hunn schon vill nei Leit kennen geléiert.

No menger Première wusst ech nach net sou richteg wat ech duerno sollt maachen an hat schon ëmmer Loscht nei Erfahrungen an engem aneren Land ze sammelen an eng nei Kultur kennen ze leieren. Sou sinn sinn ech dann op ONGD Fnel komm an hunn mech gemellt vir mech bei engem vun hieren Projeten an Nepal ze engegeieren.

Ënnert der Woch schaffen ech bei der ONG Saath. Si hunn 2 Haaptprojeten deen een nennt sech Hakuna Matata wou em déi 40 Kanner vun Kathmandu an Pokara Méiglechkeet hunn 1 mol pro Mount un Workshops deelzehuelen an och 1 mol am Joer gëtt entweder en Summer oder Wanter Camp vir d‘Kanner organiséiert. An den Workshops leieren Kanner op spilleresch art an weis sech besser auszedrécken an och keng angescht ze hunn vir mat aneren Englesch ze schwätzen. 

Ech wunnen hei sou wie an enger grousser WG mat nach 8 aneren Leit aus Nepal, Däitschland an Kanada zesummen, wat immens flott ass well en sou och direkt mat aneren Leit an Kontakt kennt.Sou konnt ech och schon puer Saachen mat mengen Matbewunner ënnerhuelen wie zum Beispill op en Konsert an engem Tempel zu Kathmandu oder en aneren Dag hunn ech mat menger  Matbewunnerin  en Ausfluch bis bei Buddha Stupa gemaach.

Ech hat och déi grouss Chance genau zu dem richtegen Zäitpunkt vun den Fester heihin ze kommen. Déi 2. Woch wou ech hei war gouf nämlech Tihar gefeiert dat 2. gréissten Fest an Nepal. Tihar och nach Fest vun den Liichter genannt fënnt wärend 4 Deeg statt an jiddereen Hänkt virun Dier faarweg Liichterketten op vir dass Götter den Wee bei si fannen an vill Räichtum bréngen. Virun all Hausdier fënnt en och kleng Ueleg Käerzen an faarweg Mandalaen. Op der Aarbecht hunn ech zesummen mat den Fraen och sou en Mandala virun den Buttek vun der ONG gemach,wat immens vill Spass gemach huet.Den 2. Dag vun Tihar konnt ech dann mat op eng traditionell Zeremonie goen an gesinn wie si dat Fest feieren.

No deenen ganzen Fester geet Aarbecht am Büro an am Bitzatelier wieder. Ech schaffen Hallschent vun der Zäit am Büro an déi aner Zäit am Bitzatelier mat den Fraen zesummen. Si hunn mir och schon puer Saachen bäibruecht an ech hunn souguer schon eng kleng Posch gemaach. Als nächst Preparéieren mir dann wieder Workshops vir Kanner vun Hakuna Matata an bereeden eis op Visitten bei den Leit Doheem vir.