Dernières expériences népalaises pour Lisa

participants making organic manure

Den éischte Weekend am Mee sinn ech mam Eleanor, dat ech Enn Abrëll kennegeléiert hunn an dat grad en Stage an enger Klinik hei mëscht, an en klengt Dierfchen dat sech Sangachok nennt, gefuer.

 

D’Eleanor huet virun zwee Joer en Fräiwëllegendéngscht bei Umbrella gemaach a wärend der Zäit huet hatt zu Sangachok gewunnt an do de Kanner an der Schoul Englesch bäibruecht. Mir hunn eng Nuecht do verbruecht a bei senger deemoleger Gaaschtfamill gewunnt. Sangachok selwer ass en richteg schéint Duerf an et huet mir och gutt gedoe mol erëm kuerz aus dem heiansdo stressegen an dompege Kathamndu erauszekommen. De 6. war mäin Gebuertsdag, dowéinst sinn ech den Dag virdru mam Eleanor, mam Jackie a mam Fionnuala, deenen zwee anere Volontairinnen vun Umbrella, an nach aneren Kollegen eppes Iessen an dono een drénken an danze gaange fir a mäin Gebuertsdag eranzefeieren. Fir den Dag selwer huet meng Tutrice d’Imogen Kuch kaf de mer am Büro giess hunn. Owes sinn ech dunn nach eng Kéier mam Jackie a mam Fionnuala an en Restaurant bei eis an der Géigend, den d’Eleanor mer recommandéiert huet, iesse gaangen. Allgemeng kann ech mech wierklech net iwwert den Dag beschwéieren a ka glécklecherweis behaapten, dass ech richteg flotten 20. Gebuertsdag am Nepal hat. Wat d’Arabescht am Büro ugeet hunn ech dëse Mount mol ugefaangen, de Video, den ech iwwert de Chautari Youth Club vun Umbrella maache sollt, ze schneiden a sinn domadder och scho fäerdeg ginn. Ab der Mëtt vum Mount hunn d’Jackie an ech dunn ugefaangen, Englesch Coursë virzebereede well déi Jugendlecher, déi reegelméisseg an d’Jugendhaus vun Umbrella komme, gären hiert Englesch verbessere géifen. Ab nächstem Mount wäerte mir zwee dann zwee Mol an der Woch den Jugendlechen am Chautari Youth Club Englesch bäibréngen.