Volontariat de Lisa - Son troisième mois chez Umbrella Organisation Nepal

participants making organic manure

Déi éischt Woch am Abrëll war dem Jasime an dem Emer, deenen zwee anere Volontairinnen, hier lescht Woch am Büro vun Umbrella. Wärend deenen zwee Méint déi ech bis elo mat hinne geschafft hunn, hate mir dräi all Donneschden an engem Irish Pub en Pub Quiz gemaach, den eng Spendenaktioun fir eis Organisatioun ass. Déi Suen déi mer bis dohinner gesammelt haten hu mer dunn benotzt fir mat de Jugendleche vun Umbrella, déi grad bei enger Fleegefamill liewen, an en Waasserpark an de Kino an Klammen ze goen. Sou konnte mer hinnen och emol flott Aktivitéiten erméiglechen, déi hier Fleegeelteren sech normalerweis net leeschte kennen. Freides de 5. war dunn hire leschte Schaffdag, an nom Mëttesiessen huet all Member vun Umbrella sech baussen am Gaart versammelt fir deenen zwee Äddi ze soen. Den Owend si mer dunn och nach all zesummen eppes iesse gaangen.

 

Samschdes ass mäi Brudder dunn erëm Heem op Berlin geflunn, mee den nämmlechten Dag ass eng nei Volontairin dat och aus Irland kennt ukomm. Méindes war et dunn zwar relativ ongewinnt ouni déi aner zwee am Büro, mee d’Fionnuala ass och en richteg feint Meedche mat dem ech mech gutt verstinn. Wärend der Zäit hunn ech mech um Büro haaptsächlech em d’Sponsorship Updates gekëmmert. Ech hunn also deene Leit aus der westlecher Welt, déi sech dozou entscheet hunn eent vun eise Kanner finanziell ze ënnerstëtzen, en Bericht geschriwwe wei et dem Kannt geet, wei et sech entwéckelt, wei et sech an der Schoul mëscht, etc.

 

Déi Woch sinn dunn d’Jasmine an d‘Emer op Chitwan gefuer an en Freiden sinn dunn zwou Frëndinne vu mir aus Lëtzebuerg ukomm. Sonndes huet am Nepal dat neit Joer ugefaangen, dofir si mir Samschdes direkt op hirem zweeten Owend zu Kathmandu eraus gaangen an hunn an dat neit Joer eragefeiert. Wei dun rem jiddfereen do war, waren mir zwee Deeg laang, am ganzen zu 8 Meedercher a sinn oft all zesummen Iesse gaangen a souguer all zesummen op Bhaktapur gefuer fir duerch déi schéin al Staat lafen ze kennen.

 

D’Woch drop misst ech dem Jasmine an dem Emer dunn Äddi soen, wat mer net liicht gefall ass. Mee déi zwee hunn mer jeeweils en Bréif hannerlooss befirt se gaange sinn, an am Emer sengem stoung dass egal ob an Irland oder Lëtzebuerg oder Australien oder wou och ëmmer, mir géifen eis doudsécher eng Kéier iergendzwousch treffen erëmgesinn.

D’Joy, meng Frëndin vun Lëtzebuerg, huet mech dunn Samschdes moies verlooss. No dem ganze Besuch den de ganzen Abrëll laang komm a gaangen ass war ech amfong e bësse frou mol erëm eleng a menger Kummer ze wunnen a mam Fionnuala eleng kennen ze sinn an hatt richteg kennen ze leieren.

 

Den Dag drop Méindes ass dunn nach een neit Meedche komm dat fir zwee Méint en Fräiwëllegendéngscht bei Umbrella mëscht. Hatt kennt aus Kanada, heescht Jackie an ass en richteg feint an interessant Meedchen. Ech mengen ech ka glécklecherweis behaapten, dass meng zwee Méint déi mer elo nach mam Fionnuala a mam Jackie bevirstinn zimlech wahrscheinlech genau sou flott wäerte gi wei déi dräi déi ech mam Jasmine a mam Emer zesumme geschafft a gewunnt hunn.