Des nouvelles de Lee - Son deuxième mois chez Setu Nepal

participants making organic manure

Mäin zweeten Mount huet domat ugefaangen, dass mer d’Chance kruten Nei-Joers-Karten fir d’ONGD-FNEL ze maachen, déi dann zu Lëtzebuerg un hir Donneuren verdeelt ginn. Den éischten Dezember hunn ech dunn en Deel vun den Karten mat den Kanner gemaach an fir d’éischt Kéier richteg Zäit mat hinnen verbruecht. Si waren all esou begeeschtert an motivéiert fir ze molen an hunn mech immens léif empfangen. Direkt vun Ufank un hunn se mech „older sister“ genannt, wat zwar normal am Nepal ass, mee mech awer richteg frou gemaach huet an ech kann soen, dass och ech deen Dag 8 nei kleng Schwësteren bäikrut. Duerno hunn dunn d’Field Visits ugefaangen, wou mer wärend 10 Deeg 8 verschidden Distrikter besicht hunn an zwar Makwanpur, Nawalparasi, Dang, Lumbini, Kaski, Lamjung, Tanahu an Gorkha. Mir waren zu 4 an engem Van ënnerwee dorënner d’Ranju, eisen Chauffeur den Shyam, d’Uma an ech. D’Uma ass eng Fra, déi mat 9 Joer an en Zirkus verkaaft gouf an dunn no 17 Joer et gepackt huet vun do fortzegoen an mat sengem Jong erëm an den Nepal ze kommen. Déi zwee sinn leider HIV positiv an d’Uma krut dunn an der schwéierer Zäit ugebueden un engem vun den Trainingen vun SETU Nepal deelzehuelen an säin Jong gouf ënnerstëtzt fir kennen an d’Schoul ze goen. No dem Training ass d’Uma erëm selbststänneg ginn, huet eng gewëssen Zäit fir SETU Nepal geschafft an ass och meeschtens bei den Field Visits mat derbäi. Hat ass eng immens léif an awer och staark Fra an mir haten all zesummen eng super gutt Zäit, an der mer vill zesummen gelaacht hunn. Wärend eisen Visitten hunn mer ënner anerem eng Schoul besicht, wou SETU Nepal en „Day Meal Program“ an och den Opbau vun enger Kichen well bedreiwen. D’Schoul hat nämlech virdrun keng Platz, wou d‘Schüler ze iessen kruten an sou hunn sech d’Kanner dann vun Snacks ernäert, déi virun der Schoul verkaaft ginn, wat net gutt fir hir Gesondheet ass. Mat dem Aféieren vun deem Programm kréien d’Kanner all Dag eppes Gesondes ze iessen an gläichzäiteg ginn d’Elteren, d’Schoul an  d’Gesellschaft besser iwwer gesond Ernierung informéiert an sinn an dem Aspekt am Liewen vun hiren Kanner involvéiert. Des Weideren hunn mer nach Fra’en besicht, déi un engem vun den Trainingen an 2018 deelgeholl hunn an et war schéin ze gesinn, wei frou an motivéiert si waren. Dat huet och einfach gewisen weivill SETU Nepal deenen Fraen hëlleft, déi schonn souvill duerchgemaach hunn an dann no den Trainingen mat neier Perspektiv erëm an hiert Liewen zréckkommen. Wärend deenen Meetings gouf ëmmer vill gelaacht an trotzdeem alles serieux behandelt. Zumools zu Nawalparasi, engem ganz einfachen Distrikt haten mer eng immens flott Zäit mateneen an och wann ech net ëmmer wousst wat jiddwereen sot, well natierlech alles ob Nepalesesch war, hunn mer eis awer verstane. Dann hunn mer och nach verschidden lokal Organisatiounen besicht, fir mat hinnen iwwert d’Aarbecht vun SETU Nepal ze schwätzen, fir dass si eis Fra’en kennen recommandéieren, déi un eisen Trainingen kennen deelhuelen. En schéint Beispill haten mer do zu Dang, wou mer duerch Zoufall ob en Meedchen ze schwätzen komm sinn, wat säin Bachelor gemaach huet an awer leider finanziell Problemer huet. Mir hunn d’Meedchen dunn getraff an vue dass hat immens léif an motivéiert eriwwer komm ass, gouf entscheet, dass hat am neien Joer un engem vun den Trainingen vun SETU Nepal kann deelhuelen. Et war flott ze gesinn, wei mer zoufälleg ob dat Meedchen ze schwätzen komm sinn an et elo dann villäicht vun SETU Nepal wäert ënnerstëtzt ginn. Mir hunn och nach verschidden „Home Visits“ gemaach, wou mer den Leit hir Geschäffter konnten gesinn, sou zum Beispill en Snackstand, en Kleedergeschäft an souguer eng Fëschfarm. Mir haten awer och en bëssen Fräizäit, wou mer Lumbini kucken gaangen sinn,  wou d’Gebuertsstätte vum Buddha ass an een ganz vill verschidden Tempelen kann besichen. Nieft den Tempelen schéngen ech awer och eng grouss Attraktioun gewiescht ze sinn an hunn mat ganz villen Leit Foto’en missten maachen. Dunn hat ech och nach d‘Geleegenheet zu Kaski (Pokhara) kennen Paragliding ze maachen, an zwar mat der Hëllef vun menger nepalese Am?, dem Ranju. Et wat eng immens flott Experienz, duerch d’Loft ze fléien an all d’Bierger an den Phewa Lake kennen ze gesinn an ech kann et wierklech jiddwerengem uroden et auszeprobéieren. Leider sinn ech dunn awer an deenen leschten puer Deeg vun eisen Visitten relativ krank ginn an hunn mäin Dag domat verbruecht ze schlofen an näischt kennen ze iessen. Mee d’Ranju, d’Uma an den Shyam hunn sech esou gutt em mech gekëmmert an no en puer Deeg, wei mer erëm zréck zu Kathmandu waren, war ech dunn erëm ob den Been. Wärend den Field Visits huet an der Organisatioun d’Aakanshya, en Meedchen aus dem Nepal, wat och en Volontariat bei SETU Nepal mecht, d’Karten mat den Kanner weider gemaach. Zesummen hunn mer se dann fäerdeg gebastelt: D’Biller vun den Kanner ausschneiden an ob faarwechen Pabeier pechen, nepaleseschen Pabeier an d’Karten pechen an dat ganzt dann nach en bëssen dekoréieren, huet laang gedauert. Mee mat „Milk Tea“, Popcorn an gudden Konversatiounen huet et sech koum méi wei eng Aarbecht ugefillt, an mir sinn esouguer en bëssen an Chrëschtdagsstëmmung komm. Am Nepal gëtt Chrëschtdag amfong net gefeiert, an fir dass ech déi schéin Zäit net allze vill vermessen, krut ech net nëmmen en klengen Adventskalenner vun menger Famill, mee ech gouf och nach gutt mat Schockela vun Famill an Kollegen versuecht. Awer och mat menger Famill hei am Nepal hunn mer en bëssen geféiert, sou hunn mer zum Beispill eng Planz als Chrëschtbeemchen dekoréiert an ech muss zouginn, dass eis Chrëschtdags-Palm sech wierklech konnt weisen loossen. Den 24. Dezember sinn mer mat den Kanner vun SETU Nepal an eng Schoul gaangen, wou Schüler mat Down-Syndrom betreit ginn an hunn do alleguer zesummen gefeiert. D’Kanner haten kleng Optrëtter virbereet an et war esou schéin ze gesinn, weivill Freed jiddwereen hat. Zesummen gouf gefeiert, giess an all Kand krut herno nach en klengen Cadeau mat Hefter, Faarwen an souguer en puer Séissegkeeten. D’Highlight vun dem Dag war awer wahrscheinlech deen Moment, wou een Meedchen am Rollstull, mat Hëllef vun enger Betreierin, och huet kennen danzen an seng Freed an säin Laachen mir sécher net esou schnell wäerten vergiessen. Et war net nëmmen fir d’Kanner en immens flotten Dag, mee och ech sinn dankbar fir dat Fest konnten matzëerliewen. Owes sinn ech dunn mat menger Famill eraus an eng „Mall“ iessen gaangen an nodeems ech hinnen erzielt hat wat meng Famill zu Lëtzebuerg wäert kachen an dass dat ongeféier aus 4 verschidden Gäng wärt bestoen, waren mir dunn och 4 verschidden Saachen iessen. Cheeseballs, Momo‘en, Fried Chicken an herno nach eng Waffel waren eisen Chrëschtdagsmenü an et war esou en einfachen mee léiwen Geste, deen eist Chrëschtdagsfest schéin ofgeronnt huet. Den nächsten Dag louch souguer en klengen Cadeau ënnert eiser Chrëschtdags-Palm an ech hunn den Dag zesummen mam Aakanshya verbruecht, mat deem ech mëttlerweil eng richteg gutt Frëndschaft opgebaut hunn. D’Aarbecht am Office besteet am Moment doran alles ze dokumentéieren wat mer wärend den Field Visits gemaach hunn an verschidden Artikelen fir eis Website ze schreiwen. Den zweeten Mount hei am Nepal ass esou schnell ëmgaangen, fir et zesummen ze faassen war dësen Mount eng immens flott mënschlech Erfarung, et gouf gutt gelaacht, genuch giess, ech hunn villes bäigeléiert an ech freeën mech ob den nächsten Mount!