My first month in Nepal - Lee's volunteering experience

participants making organic manure

Mäin éischten Mount am Nepal 

 

Moien ech sinn d’Lee vun der Cap an ech hunn d’Chance dëst Joer en Fräiwëllegendéngscht am Numm vum SNJ an der ONGD-FNEL am Nepal kennen ze maachen. Virun 2 Joer hunn ech dat schéint Land fir d’éischt Kéier besicht, wärend enger Rees déi vun der ONGD-FNEL organiséiert ginn ass an ech hunn mech direkt an d’Landschaft an an d’Leit verléift. No menger Première sot ech mir dunn, dass ech zréck an den Nepal ginn fir do bei engem Projet kennen ze hëllefen awer och gläichzäiteg nei Erfarung kennen ze sammelen. Den 26. Oktober hunn ech mengen Kollegen an menger Famill dunn missten Äddi soen, wat net einfach awer derwäert war, an sinn dunn mat engem Grupp vun der ONGD-FNEL an den Nepal geflunn. Ech hunn do wärend fënnef Deeg un hirem Programm deelgeholl an Dhulikel an Bhaktapur gesinn, sou wei d’Klinik zu Banepa an d’Projet’en vun Right4children zu Pokhara. An der kuerzer Zäit hunn ech vill erlieft an nei Frëndschaften geschloss an ech war prett fir den éischten November kennen bei mäin Projet ze goen, wou ech mech wärend 5 Méint wäert engagéieren. D’Organisatioun  heescht SETU Nepal an si setzt sech an fir Fraen an Kanner, déi HIV positiv sinn, ze hëllefen. Famillen déi mat der Krankheet ze dinn hunn, ginn leider oft vun der Gesellschaft ausgeschloss an vernoleissecht, well d’Leit Angscht hunn kennen ugestach ze ginn oder et als schlecht Zeechen ugesinn. SETU Nepal well weisen, dass déi Stereotyppen falsch sinn an den betraffenen Leit hëllefen erëm en selbststännegt Liewen kennen ze feieren. Si hëllefen hinnen dobäi net nëmmen medezinesch, mee ginn den Kanner d’Méiglechkeet an d’Schoul kennen ze goen an mat den Mammen ginn Traininger gemaach, wou iwwer verschidden Themen geschwat gëtt sou wei Hygiène, eng gutt Ernierung, Gläichberechtegung, wei een säin eegenen Buttek kann feieren (Geessefarm, Bitzgeschäft, Iessstand) an dat ob eng ganz interaktiv Aart an Weis. Fra’en déi engagéiert sinn an gutt Resultater weisen ginn dann nach ausgewielt fir en Entrepreuneurship Training, wou se hir Geschäfter nach weider kennen verbesseren. Des Weideren setzt sech SETU Nepal och fir Fra’en an Kanner an déi am Prisong sinn, si hunn och Leit an Schoulen, déi staark vun deenen zwee Äerdbiewen vun 2015 betraff waren, gehollef, si hunn en Transit Home (Aarati House), wou Fra’en an Kanner fir eng méi laang Zäit kennen bleiwen an maachen iwwer d’Joer verdeelt vill verschidden Workshops, fir nëmmen en puer Saachen opzezielen.

 

Ech hunn also den éischten November d’Direktesch vun der Organisatioun, d’Ranju Pandey, kennegeléiert an ech wäert fir déi nächst 5 Méint och bei him an senger Famill liewen. Ech gouf direkt als Familiendeel opgeholl an si hunn mer schonn vill vun der nepalesescher Kultur gewisen. Kuerz nodeems ech ukomm sinn huet d’Lichterfestival (Tihar) ugefaangen, wou wärend fënnef Deeg verschidden Deieren, Götter an d’Geschwëster veréiert ginn. Dann ginn all d’Haiser mat ganz villen Luuchten an Käerzen dekoréiert an all Owend gëtt bis spéit an d’Nuecht gesongen an gedanzt. Zu der Zäit hunn och zwou franséisch Fra’en bei eis am Gebai gewunnt an zesummen hunn mer Uelegluuchten farwech gemoolt, en Ringali, dat heescht en Mandala aus farwechem Pudder virun d’Hausdier gemaach, mir kruten nach alleguer en Sari un an mir konnten um “worshipping” deelhuelen. Den nächsten Dag sinn mer dunn Owes mat den Noperen raus danzen gaangen an den leschten Dag konnten mer bei dem Ranju seng Famill matgoen an do un der Brudder-Schwëster Zeremonie deelhuelen. Ech sinn immens dankbar, dass ech sou en groussen Anbleck an hir Traditioun kréien, an dass d’Ranju probéiert mäin Openthalt sou räich wei méiglech ze gestallten! Dunn konnt ech och um Workshop deelhuelen, deen vun der ONGD-FNEL organiséiert gouf an wou all d’Projet’en, déi ënnerstëtzt ginn zesummen komm sinn an sech austauschen konnten. Et war ganz interessant ze gesinn, wien alles ënnerstëtzt gëtt an fir wat an wei genau déi verschidden Organisatiounen sech asetzen. An der ganzer Zäit gouf awer och geschafft. An zwar gesäit mäin Alldag esou aus, dass ech fir bei mäin Projet ze kommen Tuc Tuc’en (och Tempo genannt) muss huelen, wat déi aller éischten Kéier schonn en Erliefnis war zu 12 an deem klengen Gefier ze setzen. Mee mëttlerweil ginn ech schonn relativ gutt eens an weess wéini ech muss un den Plafong klappen fir un der richteger Platz unzekommen. Heiansdo gëtt och den Scooter geholl an domat den nepaleseschen Traffik bezwongen. Um Projet schaffen ech dann am Aarati House, wou ech biswell gehollef hunn Reports ze verfaassen, iwwer dat wat d’Organisatioun iwwer déi lescht Joren un Aktivitéiten gemaach an wien se ënnerstëtzt huet, souwéi Appeals geschriwwen hunn fir Fond’en fir d’Bénéficiairen ze sammelen an awer och meng eegen Idee’en fir Aktivitéiten kann abréngen. Ech hat bis elo nëmmen kuerzen Kontakt mat den Kanner, déi permanent am Aarati House liewen, well mir meeschtens dann heemginn, wann si aus der Schoul kommen. Ech ginn awer ëmmer mat engem léiwen “Namasté” an engem Laachen begréisst an freeën mech nach méi Zäit mat hinnen kennen ze verbréngen! Zum Schluss vum Mount sinn mer an den Süden vun Lalitpur gefuer fir do an enger Schoul en Programm ofzeschléissen, deen sech “Day Meal Program” nennt. Et geet dorëms, dass d’Elteren 4 Joer laang all Dag en gewëssenen Montant vun Suen un d’Schoul ginn, fir dass hir Kanner all Dag eppes Gesondes ze iessen kréien, mat der Ënnerstëtzung vun SETU Nepal. Den Montant gëtt all Joer en bëssen méi héich an dobäi geet d’Responsabilitéit vun SETU zréck, sou dass zum Schluss vun deenen 4 Joer d’Elteren an d’Schoul ganz responsabel fir d’Ernierung vun hiren Kanner wäerten sinn. Deen Programm gouf deemools no dem Äerdbiewen mat Hëllef vun der ONGD-FNEL ugefaangen an herno vun SETU Nepal selwer weider gefouert. Dëst Joer hunn se den Programm no 4 Joer ofgeschloss an dat selwecht gëtt am neien Joer an enger anerer Schoul gestart. Geschwënn ginn dann och “d’Field Visits” gemaach, wou mer an déi verschidden Distrikter vum Nepal reesen fir kucken ze goen wei den Leit hir Geschäffter lafen an hinnen Feedback ginn. Ech freeën mech immens dorop kennen direkten Kontakt mat den Bénéficiairen ze hunn an och an déi méi ländlech Géigenden vum Land ze kommen. Den Weekend hunn ech bislo ëmmer fräi gehat, wou ech d’Zäit genotzt hunn fir Kathmandu an Patan kucken ze goen sou zum Beispill Pashupatinath, Bodnath an Swayambhunath. D’Liewen hei ass natierlech anescht wei an Lëtzebuerg, mee ech hunn mech mëttlerweil richteg dorun gewinnt. All Dag leieren ech eppes Neies bei an ech hoffen, dass ech grad sou vill kann zréckginn an ech freeën mech ob dat wat an deenen nächsten Méint nach ob mech duerkënnt!