Rovers Camp in Tanzania - 2018

participants making organic manure

Vum 21. Juli bis den 05. August waren 11 Rover vun der FNEL an Tansania ënnerwee fir en Projet, deen 2015 mat Tafelen usträichen ugefaangen huet, weider ze féieren.

 

Dës Kéier goung et awer net em Schläifen, Ofmaachen oder Usträichen, mee em dem Baden Powell seng Idee vum Scoutismus. En klengen Flashback ass wuel neidesch: Nodeems e Grupp vun 16 Rover am Summer 2015 Tafelen an villen Schoulen renovéiert hat, ass den Scoutismus an der Regioun Iringa explodéiert: deels duerch d’Virbildfunktioun vum Scout als aktiven Member vun der Community an awer och duerch Projeten an Ënnerstëtzungen vum IOP-Center, mat deenen d’Jill an d’Elodie den Projet 2015 opgebaut hunn. Fir en Zitat vun deemools nach eemol erëmzeginn: „Mir sinn elo alleguerten zeréck an eisem Alldag an Routine, mee déi Zäit huet mat Sécherheet en Impakt op eis gehat.  Mir sinn eis bewosst dass et nëmmen eng kleng Aktioun war, wou vill Grousser gebraucht ginn, mee mir sinn stolz op dat, wat mer erreecht hunn.“ Den Impakt op de Scoutismus an Tansania war net virauszegesinn an och dëse Projet, kann méi wäit goen, wéi just 60 Scouten an eng Woch Camp: den Interessi um Scoutismus war erëm ugestach ginn an vill Schoulen hunn ugefaangen nei Gruppen opzemaachen, ouni awer den Hannergrond vum Scoutismus ze hunn, mee et no beschtem Wëssen an Gewëssen ëmzesetzen, wat si kennen an selwer erlieft hunn. Dunn am Oktober 2017 sinn mer kontaktéiert ginn, fir zesummen mam Doreen an Lynn-Christine eng praktesch Formatioun, zousätzlech zur Formatioun vun der Tanzania Scout Association, fir jonk Scoutscheffen opzebauen an hinnen esou en méi déift Verständnis vum BP senger Philosophie an senger Visioun ze vermëttelen. Gesot – gemaach.

 

 Mat enger flexibeler an motivéierter Ekipp sinn mer den 21. Juli um Findel fortgeflunn, fir no villen Reesstonnen zu Illula mat eisem Camp unzefänken. 49 Participanten aus 29 Schoulen waren präsent an hunn sech wärend 6 Deeg engagéiert fir mat eis zesummen ze léieren, ze erliewen an ze plangen. Coursen wéi First Aid, General Scouting, International Scouting, Environnement Awareness, Constructiouns, Fire Cooking an esou weider stoungen um Programm. Gedold, enormen Team-Geescht an vill Fläiss war am Asaatz, fir all Challenge entgéint ze wierken. Och huet déi  Woch en Solarprojet stattfonnt, wou deenen jonken Scouten an Cheffen d’Manipulatioun vun Solartäscheluuchten bäibruecht ginn ass. Dëst Material steet hinnen weiderhin am Center zur Verfügung, esou dass Famillen ouni Stroum awer an der Nuecht nach schaffen an d’Kanner léieren kënnen.

 

De Feedback vun den tansaneschen Scouten, wéi och vun eis war immens positiv an mer plangen elo schonn un enger Weiderféierung vum Projet. Vill nei Ideeën sinn bei all Participant  ukomm an waarden elo drop ëmgesat ze ginn.

Wéi sot den Alex: Education always works in both ways: We learned so much from you and we tried to share our ideas and experiences with you, so we all learned from eachother.

 

ASANTE SANA un d’ONGD FNEL fir hier finanziell Ënnerstëtzung vun eisem Projet an virun allem un d’Alina, d’Caroline, de Claude,  d’Jil, d’Lena, d’Maripol, de Simeon an de Yann, fir hier Begeeschterung.

 

Alex, Jill an Julie